An Däitschland ass de Wolfgang Kubicki um Samschdegnomëtteg zum neie President vun der FDP gewielt ginn. De 74 Joer ale Politiker huet sech um Parteidag zu Berlin am Vott géint d’Europadeputéiert Marie-Agnes Strack-Zimmermann duerchgesat.
Déi hat iwwerraschenderweis géint de Wolfgang Kubicki kandidéiert.