arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ No engem Joer Unioun an SPD: Bis elo bleift et bei grousse Verspriechen

Däitschland

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

No engem Joer Unioun an SPD: Bis elo bleift et bei grousse Verspriechen

Déi grouss ugekënnegt Reforme bei de Steieren, der Bürokratie an de Pensioune loosse weider op sech waarden. Och, well en éischte Versuch am Abrëll zolidd an d’Box gaange war. Elo hunn Unioun an SPD annoncéiert, bis zur Summerpaus nei Reformpläng virzeleeën.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Friedrich Merz | © EPA/FABIAN SOMMER
Friedrich Merz (Foto: EPA/FABIAN SOMMER)

Zënter Méint schwätzt den däitsche Bundeskanzler Friedrich Merz dovun, mat grousse Reformen d’Land nees fit ze maachen. Ob de Gesondheetssystem, d’Pensiounen oder och de Steiersystem – alles soll reforméiert ginn.

Just geschitt ass bis elo nach näischt. Kee Wonner, datt de Friedrich Merz Mëtt der Woch um Kongress vun den däitsche Gewerkschafte fir seng éiweg selwecht Verspriechen ausgebuut gouf.

"Diese Reformvorhaben sind keine Bedrohung, sondern sie sind eine große Chance, meine Damen und Herren."

D’Regierung vun Unioun an SPD huet elo annoncéiert, et nach eng Kéier ze probéieren a sech virun der parlamentarescher Summerpaus bei enger Rei Reformen eens ze ginn. Dofir hellt sech de Kanzler Merz och seng Kritiker mat un den Dësch.

Steierreform nees um Dësch

Ufank Juni sollen am Kanzleramt Gespréicher tëschent der Koalitioun, de Gewerkschaften an dem Patronat stattfannen.

Elo scho kloer ass d’Entlaaschtungsprämie fir d’Salariéë vu steierfräien 1000 Euro, déi den Impakt vum Krich am Iran sollt offiederen, läit net méi um Dësch.

Dofir soll d’Gesondheetsreform awer nach duerch d’Parlament goen, a fir d’Konjunktur unzekuerbelen, soll et eng Steierreform ginn, mat der kleng a mëttel Akommes spierbar sollen entlaascht ginn.

Allerdéngs: mat all deene Pläng waren Unioun an SPD och schonn am Abrëll openeen duergaang. Deemools si se sech iwwer d’Detailer vun de Reformen trotzdeem net eens ginn.

play_arrow Lauschteren