arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'FDP - Eng gespléckte Partei virum Ofgrond

Däitschland

|
reading time

2 min

D'FDP - Eng gespléckte Partei virum Ofgrond

Déi däitsch FDP stécht an enger grousser Kris. Zënter leschtem Joer ass déi liberal Partei net méi zu Berlin am Bundestag vertrueden. Um Parteidag zu Berlin huet sech d'FDP mam Wolfgang Kubicki elo en neie Parteichef gewielt. Ob et elo fir déi Liberal biergop geet bleift awer ze bezweifelen.

reading time

2 min

De Wolfgang Kubicki | © picture alliance / dts-Agentur | dts Nachrichtenagentur GmbH
De Wolfgang Kubicki (Foto: picture alliance / dts-Agentur | dts Nachrichtenagentur GmbH)

Mam Wolfgang Kubicki un der Spëtzt wëllen déi Liberal am Hierscht bei de Landtagswalen am Oste vun Däitschland an de Parlamenter bleiwen. 

Déi gutt al Zäite bei der FDP

Et ass nach guer net esou laang hier, do war déi liberal FDP an Däitschland "Königsmacherin". Also déi Partei, déi d’Muecht hat, enger Regierung zur Majoritéit ze verhëllefen. Ob, wéi Joerzéngtelaang mat Unioun oder SPD, oder wéi nach virun e puer Joer bei der Ampel mat SPD a B90/Die Grünen - d’FDP war zwar ni riseg, mee se hat Muecht.

Mëttlerweil ass déi liberal Partei minikleng - a se huet keng Muecht méi. D'lescht Joer ass se aus dem Bundestag geflunn, an ass just nach a 6 vun de 16 Landesparlamenter vertrueden. D’FDP brauch en Neistart, wa se politesch wëllt relevant bleiwen - dat sollt dëse Weekend um Parteidag geléngen.
Den Neistart kënnt elo a Form vum Wolfgang Kubicki - 74 Joer al an zënter Éiwegkeeten dobäi. Nieft de Wielerinnen a Wieler muss deen neien FDP-Chef awer och grouss Deeler vu senger Partei iwwerzeegen.

E "Stotterneistart"

Iwwerraschend hat sech um Parteidag mat der Europapolitikerin Marie-Agnes Strack-Zimmermann eng Géigekandidatin opgestallt, de Wolfgang Kubicki krut "just" 60 Prozent vun de Stëmmen. Et gëtt also kloer zwee Lager an der FDP.

Mee wärend d’Strack-Zimmermann duerno d’Hand ausgestreckt a fir eng Zesummenaarbecht Reklamm gemaach huet, huet deen neie Parteichef iwwer d’BILD-Zeitung ofgeleent. Seng Konkurrentin hätt just 40 Prozent krut a wéisst domat, wou den Hummer géif hänken. Op d’Géigesäit innerhalb vun der Partei wëllt de Wolfgang Kubicki guer net duergoen.

Ideal Viraussetzungen also fir d’FDP virun de Landtagswalen am Hierscht. An de Sondagë fir d’Walen a Sachsen-Anhalt, Berlin a Mecklenburg-Vorpommern läit d’Partei däitlech ënner der 5-Prozent-Hürd. De Wee an d’Irrelevanz ass net ganz wäit.