Accorden an de Beräicher Handel, Medien an Energie goufen ugekënnegt. Béid Staatscheffen hunn och schonn een neien Datum ausgemaach, fir sech eng nächste Kéier ze treffen. De russesche President Putin huet de chineesesche President Xi Jinping fir d'nächst Joer op Moskau invitéiert.
Een Appell, fir de Krich an der Ukrain op en Enn ze bréngen, gouf et net. De Kremlchef an de chineesesche Staatschef hunn d'Attacke vun den USA an Israel op den Iran awer kritiséiert a fuerderen ee séiert Enn vum Krich.