arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dronenalarm an der litauescher Haaptstad Vilnius

Baltikum

|
reading time

1 min

Dronenalarm an der litauescher Haaptstad Vilnius

An der litauescher Haaptstad Vilnius gouf et de Moien en Dronenalarm. D‘Populatioun gouf opgeruff sech a Sécherheet ze bréngen. Och de President an d‘Regierungscheffin sinn an e Bunker bruecht ginn.

reading time

1 min

© EPA/Valda Kalnina
(Foto: EPA/Valda Kalnina)

De Fluchhafe vu Vilnius huet misse gespaart ginn. Eng automatiséiert Alerte vun der Arméi iwwer Handy huet d‘Populatioun gewarnt a se dozou opgeruff, sech a Sécherheet ze bréngen.