D'Flosspeegelen klamme virun an et sinn Deeler vu Baden-Württemberg a Bayern betraff. Mëttlerweil gëtt et ëmmer méi oft Berichter iwwer Erdrutscher wéinst den naasse Biedem.
An der Nuecht waren zwee Waggone vun engem ICE mat 185 Passagéier a Baden-Württemberg no engem Erdrutsch entgleist. Et gouf kee Passagéier verletzt, sou ee Spriecher vun der Deutsche Bahn.