Ëffentlech Internetsitten an Applikatioune musse fir jiddereen, also och fir Mënsche mat enger Aschränkung, accessibel sinn. Dat ass eng europäesch a Lëtzebuerger Verflichtung.
Dowéinst ginn all Joers eng 100 Internetsitte vum Service information et presse vun der Regierung ënner d’Lupp geholl. Een externen Audit iwwerpréift dann all Joers 15 Sitte méi genee.
Ënnertitel bei Videoe si wichteg
Fir datt all Mënsch déi ëffentlech Internetsitten an d’Applikatioune kann notzen, goufe prezis Normen agefouert, erkläert den Alain Vagner vum Service information et presse.
"Fir all déi Videoe brauch een Ënnertitelen zum Beispill, fir daf Läit. Fir déi Läit mat physesche Behënnerungen ass et och wichteg, datt zum Beispill de Site ka mam Clavier interagéieren."
Fir déi Iwwerpréiwung vun de Sitten an Applikatioune ginn et essentiel Krittären, erkläert de Francis Kaell, Chef vun der Division Open Data beim Service information et Presse, kuerz SIP.
"Déi éischt zwou Stufen, also A an AA, déi sinn obligatoresch. De Faktor A, dat sinn déi, déi liewenswichteg sinn. Als Beispill kéint ee soen, wann een ee Video huet mat ganz vill Stroposkop-Effekter, da kënne Leit epileptesch Krise maachen. Dat ass elo een héije Risiko."
E weidert Beispill wier, datt d'Schrëft genuch Kontrast misst hunn, fir datt ee se anstänneg liese kann.
PDFe bereede weider vill Problemer
Zënter 5 Joer ginn et Fortschrëtter, ënner anerem och, wëll de Service informatique den CTIE beim Staat eng Expertis opgebaut huet, betount den Alain Vagner.
"Fir d'Sitte vun der Regierung ass dat wierklech gutt de Moment. Mir gesinn och, datt dat e bëssen eng Emulsioun gëtt. Et gëtt och déi Sitten ausser der Regierung, déi och ganz gutt sinn. Zum Beispill de Site vun der Chamber. Si hu vill Efforte gemaach, fir hir Site méi accessibel ze maachen oder de Site vun der Ville de Luxembourg."
Mee och wann de staatleche Service informatique, den CTIE, ee Site opbaut, esou kommen awer ëmmer nees Contenuen déi Problemer mat sech bréngen. Ee Beispill sinn do d’PDFen, erkläert de Francis Kaell.
"Dat ass wierklech e ganz groussen an och ee vun Haaptproblemer, deem mir begéinen. Wann ee lo kuckt am Rapport, wat ass am Schlëmmsten, da géif ee soen, ganz mat vir steet ëmmer nach de gudden ale PDF, dee ganz vill Problemer mat sech bréngt."
Bei PDFen kënnt et dacks fir, datt een automatiséierte Liesprogramm déi net ka liesen.
Fortschrëtter missten et awer och bei de Sitte vun de Gemenge ginn, grad ewéi bei den Applikatiounen, eng Technologie déi méi rezent a méi komplex ka sinn, betount den Alain Vagner.