Radioen

On air

Kultur um 5  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Iwwer d’Maueren ewech"

Radio ARA

"Iwwer d’Maueren ewech"

No 35 Joer ass Schluss mat der Emissioun "Iwwert d'Maueren ewech" um Radio ARA. Am Kader vun där Sendung konnte Prisonéier sech e Lidd wënschen. Moderéiert gouf d'Emissioun vum Jeannot Schmitz, deem de Maurice Molitor am Moiesstudio méi dovun erzielt huet.

auto_stories

3 min

headphones

11 min

play_arrow
Foto: Morgane Weidig

Mat de Maueren am Titel vun der Emissioun waren d'Prisongsmauere geduecht, iwwer déi ewech ee sech konnt Lidder wënschen a Leit gréissen. Eng Zort Wonschconcert deemno fir Prisonéier, wann een esou wëll. D'Format ass am Fong éischter duerch Zoufall gebuer, wéi de Jeannot Schmitz am 100,7-Interview erzielt. 

"Wéi et nach keng legal Radioen nieft dem RTL gi sinn, sinn et eng Rei Pirateradioe ginn. Mir wollten e Sproochrouer si fir Organisatiounen a Leit, déi soss an de Medien net zu Wuert kommen. An d'Prisongspopulatioun war eng Populatioun, déi eigentlech néierens zu Wuert komm ass."

Wéi si dunn och nach ee Bréif aus dem Prisong kritt hunn, wou ee Prisonéier sech e Lidd gewëscht huet, war d'Iddi gebuer.

Zousätzleche Kontakt mat der Baussewelt

Dat Ganzt ass och ouni Accord mam Prisong geschitt. "Mir sinn einfach duergefuer", erënnert sech de Jeannot Schmitz. 

Dofir hätt ee sech direkt un déi Inhaftéiert geriicht. Deemools gouf et och nach eng Prisongszeitung, déi vun den Inhaftéierte selwer gemaach gouf. Esou gouf de Kontakt opgeholl an eng Lëscht mat der Musek gouf opgestallt. 

Am Laf vun der Zäit wier et dunn och innerhalb vum Prisong begréisst ginn.

"Beamten hätten den Inhaftéierte gesot: 'Hei, schalt emol de Radio un, do gëtt et eng Sendung fir Iech, do kënnt Dir Iech Musek bestellen.'"

De Kontakt zur Aussewelt war zimmlech limitéiert an dowéinst war esou een zousätzleche Kontakt eigentlech erwënscht, erkläert de Jeannot Schmitz. 

35 Joer laang (bal) ouni Paus

D'Emissioun leeft awer elo net méi virun. Hien hätt kee richtegen Ersatz fonnt, seet de Radiosspeaker. 

"Ech hat e puermol probéiert. Do hunn d'Leit dann och matgehollef, mee ech hunn einfach gemierkt, no sechs Méint war bei deenen d'Loft schonn eraus."

Et misst ee bei enger wéchentlecher Live-Sendung eebe bei der Staang bleiwen. Och wa kee Loscht hätt misst et awer gemaach ginn. Wann et da Mol ee verlängerte Weekend beim Jeannot Schmitz gouf, huet hien och Ersatz fonnt.  Fir de Rescht gouf et an de leschte Jore véier Woche Summerpaus.

Frae stinn zu hire Gefiller

D'Prisonéier hu sech net just e Lidd gewënscht a Leit gegréisst, mee si hunn och iwwert de Prisong geschwat, d'Zoustänn, d'Aart a Weis wéi mat hinnen ëmgaang ginn ass. Et war ëmmer eng ganz perséinlech Approche vun de Leit. An och wann am Prisong däitlech manner Frae wéi Männer setzen, sou hu proportional gesinn awer méi Fraen ugeruff, erkläert de Jeannot Schmitz. 

"Fraen hu mengen ech einfach manner Problemer zu hire Gefiller ze stoe wéi Männer. Déi muss een heiansdo e bëssen derzou iwwerrieden."

Hanner de Maueren ass een dann och traureg, datt d'Sendung agestallt ginn ass. Mee 35 Joer wier einfach eng laang Zäit, an de Moment wier komm, fir ee Schlussstréch ze zéien. 

"Ech denken, wann eppes verschwënnt, wann eppes fortgeet, a wann eng Lücke do entsteet an et ass e Besoin do, dann entsteet och erëm iergendwann eng Kéier eppes Neies."

Lauschterenplay_arrow