Radioen

On air

Notturno  |  Golf - Regenmann

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ DAB+ amplaz UKW: En Defi fir d'Lokalradioen

Digitaliséierung vum Radio

DAB+ amplaz UKW: En Defi fir d'Lokalradioen

Bis ewell war den FM de Standard, wann ee vu Radioempfang zu Lëtzebuerg geschwat huet. Mee dat soll sech geschwënn änneren. De Radio gëtt nämlech digital - mam neie Standard DAB+. D’Ausschreiwungen dofir lafen. Eng Fro dobäi ass, wat dat fir d'Lokalradioe bedeit.

auto_stories

4 min

headphones

14 min

play_arrow

Där gëtt et der méi zu Lëtzebuerg. Mir hunn eis ee vun hinnen ugekuckt a wollte wëssen, wat se ausmécht a wéi se fonctionnéieren. De Jo Welfringer war dofir beim Radio Gutt Laun zu Schëffléng.

Um éischte Stack vun engem Eefammiljenhaus zu Schëffleng an der rue du Parc gëtt gesend. Dräi Studioen, e Büro an eng kleng Kichen fënnt een hei. Equipement fir Radio ze maachen ass och omnipresent. Mat engem improviséierten Radio aus der Garage oder aus der Stuff, wéi een sech dat vläicht virstellt huet dat net vill ze dinn.

De Jean- Paul Heinen ass Programmchef vum Radio Gutt Laun. Hien ass scho länger dobäi, a senger Fräizäit natierlech, an erzielt, datt dat ganzt an den 80er Joren ugefangen huet. Dat war déi Zäit wou vill Lokalradioen entstane sinn.

"Dunn huet een eben dono e bëssen opgehalen duerch d'Aarbecht an, ech weess och vun villen anere Kollegen, datt ee gesot huet, mir hunn zwar opgehalen, mee de Féiwer, Radio ze maachen, ass bliwwen an dunn hunn et eben, wéi ech just gesot, 92 déi meescht och nees ugefaangen.”

International vernetzt

De Jean-Paul Heinen stemmt de Programm net eleng. Nieft him ginn et nach 11 aner Mataarbechter:inne beim Radio Gutt Laun. Et gëtt een deen sech em d’Meteo këmmert, Leit déi moderéieren a nach méi. Den Techniker am Haus ass den Giorgio Marzinotto, e richtegt Urgestein vum Radio Gutt Laun. Hie wollt sech net nëmmen op d’ Technik beschränken an féiert och selwer eng Sendung mam Numm "Musica di Tempo". Hien ass ganz stolz drop, dass den RGL och international vernetzt ass.

"Ech stinn am Kontakt mat verschidden anere Radioen an der Welt. Zu Toronto, Adelaide, an Argentinien a Brasilien, zu New York a mir kontaktéieren eis an da gi mer automatesch an d’Sendung eran."

Sendungen op Lëtzebuergesch, Franséisch an Italieenesch

Et ginn och nach aner Emissioune beim RGL. Eng Hitparad, eng Kachsendung, d’Jugendhaus hëlt eng Kéier de Mount eng Emissioun op, d’Meteo an natierlech och Aktualitéiten aus der Gemeng Schëffleng. D'Emissioune si gréisstendeels op Lëtzebuergesch mee et ginn der och op Franséisch an Italieenesch.

Domat wollt een deene villen Awanderer am Süde vum Land e Gefale maachen, erzielt den Giorgio Marzinotto, deem seng Sendung och op Italieneesch ass.

Käschte gedeckt ze kréien ass net ëmmer einfach

Éier de Radio vu Schëffleng aus diffuséiert gouf, war en um Galgebierg zu Esch. D’Material ass net dat neist mee et erfëllt säin Zweck. Dat huet och domat ze dinn, datt e Lokalradio et finanziell net ëmmer einfach huet erkläert de Programmchef Jean-Paul Heinen. Als Lokalradio ass et hinnen awer verbueden, Reklamme bei enger Agence maachen ze loossen.

"Also gitt Dir selwer bei d'Geschäftsleit a kuckt, datt dir Reklamme kritt. Dir musst är Reklamm och selwer ophuelen. An Dir muss dann ebe kucken, dass Dir déi Käschten rakritt, wéi fir all Club hei zu Lëtzebuerg ass dat net ëmmer liicht."

En Zäitopwännegen Hobby

D’ Passioun, fir Radio ze maachen, muss natierlech bei engem Lokalradio do sinn. Et ass en Hobby wat vill Zäit kascht an et muss een och ëmmer en Aen op d’Finanzen hunn. Eng villfälteg Aufgab, déi de Jean-Paul Heinen erfëllt. Fir hien huet d’Aarbecht bei engem Lokalradio kloer Virdeeler zu anere Radiossender.

"Et brauch een elo net ze soen: Mir hunn elo nëmme fënnef Minutte fir dat Thema unzeschwätzen. Mir ginn an den Interview eran, wann deen 20 Minutten dauert, dauert en 20 Minutten, wann e 40 Minutten dauert e 40 Minutten."

Et gefält dem Jean Paul Heinen och, datt een d’ Nolauschter:innen gutt abannen an och deemno wéi matbestëmme loosse kann. Dat mécht een zum Beispill bei der Hitparad. Dat wichtegst ass fir déi 12 Mataarbechte:innen dobäi ëmmer - Gut Laun verbreeden.

Ëmstellung op DAB: Hoffen op Gratuitéit

De Radio Gutt Laun ass net deen eenzege Lokalradio zu Lëtzebuerg. 11 gëtt et der am Ganzen, erkläert de Serge Simon vum DLLR, dem Daachverband vun de Lëtzebuerger Lokalradioen. Déi wäerten och all vun der Ëmstellung op DAB+ betraff sinn.

Ënnert engem sougenannte Multiplex, ginn an enger éischter Phas alleguer déi ëffentech-rechtlech a komerziell Senderen zesummegefaasst. An enger zweeter Phas sollt och fir d'Lokalradioen ee Multiplex kommen. De Serge Simon weist sech zouversiichtlech, datt si do net vergiess ginn. Déi grouss Hoffnung ass, datt dee Multiplex gratis fir d'Lokalsendere gëtt.

De Reportage an den Interview

Lauschterenplay_arrow