Vill Gewässer si verknascht, och wann een et net gesäit. Sou ass och d’Uelzecht zu Lëtzebuerg mat där Chemikalie, déi net kann ofgebaut ginn, belaascht. Et geet ëm een Ofbauprodukt vun de PFAS Substanzen.
Chemikalien, déi net kënnen ofgebaut ginn
E Stoff, deen een ënner anerem an Teflonspanen, Reenjacketten oder och Läschschaum fënnt. Si all enthale PFAS Chemikalien. Déi sougenannte Per- a Poly-Fluoralkylsubstanze sinn e bekannte weltwäite Probleem, well si natur- a gesondheetsschiedlech sinn, an net kënne komplett ofgebaut ginn.
Datt déi PFAS Substanze schiedlech sinn, ass bewisen, erkläert d’Claire Wolff vum Mouvement écologique.
“Bei de PFAS ass nogewisen, datt eng Rei verschidde Kriibsaarte fërderen.”
Doriwwer eraus hu si schiedlech Auswierkungen op d’Reproduktiounsorganer an op den Immun- an Hormonsystem.
Keng europäesch Grenzwäerter
Déi rezent Etüd huet awer elo an 10 EU-Memberlänner souwuel Uewerflächewaasser, Grondwaasser an och Drénkwaasser op den Ofbauprodukt vun de PFAS ënnersicht: de sougenannten TFA. Dat steet fir Trifluoressegsaier, also Essegsaier mat enger Fluorverbindung.
Dobäi koum eraus, datt an der Uelzecht d’Konzentratiounen ongeféier sou héich sinn, wéi déi europäesch Moyenne. Déi Etüd huet virun allem bewisen, datt och an Net-Industriegebidder d’Gewässer verschmotzt sinn.
Dee Stoff ass praktesch net ënnersicht an iwwer d’Konsequenzen ass ee sech net eens. E Punkt, dee vun de Organisateure vun der Etüd an den ONGen, dorënner och de Mouvement écologique, staark kritiséiert gëtt. De Jean-Paul Lickes, Direkter vum Waasserwirtschaftsamt, erkläert, wisou et net vill Fuerschung zu deem Ofbauprodukt gëtt.
“Well deemools nach keen doru geduecht huet, datt dat eng Kéier e Probleem kéint ginn. Well déi meescht Leit, als Chemiker oder Toxikolog, raisonéieren, datt kleng a waasserléislech Molekülle keen humantoxikologesche Probleem sinn.”
Dowéinst ass den TFA als Ofbauprodukt vun de PFAS och net per Gesetz regléiert an et ginn an Europa fir Uewerflächen,- Grond- a Drénkwaasser keng Grenzwäerter dofir.
Lëtzebuerg läit an der EU-Moyenne
D’Weltgesondheetsorganisatioun géif awer am Moment dru schaffen, nei Erkenntnisser iwwert de Stoff ze liwweren, esou de Jean-Paul Lickes. Wann et souwäit ass, wäerten och entspriechend Grenzwäerter fir den TFA festgeluecht kënne ginn.
D’Waasserverwaltung zu Lëtzebuerg moosst zënter 2018 TFA Wäerter op verschiddene Miessstatiounen a Lëtzebuerg an déi Wäerter stëmme mat deenen aus der Etüd iwwerteneen.
Lëtzebuerg läit do an enger europäescher Moyenne, mat Wäerter tëscht 1.000 an 1.500 Nanogramm TFA pro Liter. A wat d’PFAS Substanzen ugeet: Vun iwwer 10.000 bekannte Substanze moosst d’Waasserverwaltung der 20 a Lëtzebuerger Gewässer. Dat am Grondwaasser an am Drénkwaasser.
Fir d’PFAS am Drénkwaasser ginn et – am Géigesaz zum Ofbauprodukt TFA - gesetzlech gereegelt Grenzwäerter op EU-Niveau an och zu Lëtzebuerg. Déi géifen am Grand-Duché net iwwerschratt ginn, erkläert den Direkter vun der Waasserverwaltung.
“Mir sinn also ganz, ganz wäit, vun där Limitt ewech, déi am Drénkwaasserreglement am Moment steet. Dat heescht, mir hunn do kee Probleem mat deene Substanzen.”
Waasserverwaltung: Et brauch eng paneuropäesch Léisung
An der Industrie si PFAS beléift wéinst hire waasser-, fett- a schmotzofweisenden Eegenschaften.
Op EU-Niveau ginn et Initiativen, déi gesondheets- an ëmweltschiedlech Stoffer reguléiere wëllen. Dänemark well PFAS Chemikalien a Kleeder a Schong vum Juli 2026 u verbidden. Iwwerdeems hate fënnef Memberstaate bei der europäescher Chemikalienagentur ECHA e Verbuet verlaangt.
Och fir de Jean-Paul Lickes vun der Waasserverwaltung sinn déi Substanze kee Problem, déi national kënne geléist ginn.
“Et ass illusoresch ze mengen, datt Lëtzebuerg als Land iergendeng sënnvoll Mesure kéint ergräifen, déi de Probleem hei zu Lëtzebuerg kéint léisen. Dat heescht, mir kënnen dat do just paneuropäesch léisen, bezéiungsweis weltwäit.”
Bis ewell géif et awer keng gläichgestallte Substanz ginn, fir d’PFAS an der Industrie ze ersetzen. Vun der Klimaanlag am Auto bis an d’Zännseid begleet eis PFAS duerch de ganzen Dag.
Lëtzebuerger Regierung wäert of
Op Nofro hin huet den Ëmweltministère eis schrëftlech matgedeelt, datt d’Regierung viru kuerzem e Projet d’action géint sougenannt persistent organesch Verschmotzter op internationalem Niveau ugeholl huet.
Weider géif d’Regierung mat groussem Interêt déi generell Restriktiounspropositiounen, déi op EU-Niveau diskutéiert ginn, suivéieren.
Wéi et méi konkret op europäeschem Niveau wäert weider goen an op a wéi déi PFAS Substanze wäerte verbuede ginn, ass also nach net gewosst.