Radioen

On air

Notturno  |  Eric Chenaux Trio - This Ain't Life

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wat fir eng Auswierkungen huet d'Aussetze vun den amerikanesche Militärhëllefe fir d'Ukrain?

Krich an der Ukrain

Wat fir eng Auswierkungen huet d'Aussetze vun den amerikanesche Militärhëllefe fir d'Ukrain?

Déi ukrainesch Arméi huet d'Notze vu Starlink, d'Satellittennetzwierk vu SpaceX, perfektionéiert. Dat seet den Militärexpert Frank Sauer vun der Bundeswehr Universitéit vu München am 100,7-Interview. Hien erkläert och, wat d'Ewechfale vun den amerikanesche Militärhëllefe bedeite kéint.

auto_stories

3 min

Den däitsche Militärexpert Frank Sauer. | © Frank Sauer
Den däitsche Militärexpert Frank Sauer. (Foto: Frank Sauer)

Am Raum steet d'Suerg, datt nom Aussetze vun der US-Militärhëllef un d'Ukrain an dem rezenten Eclat am Wäissen Haus tëschent de Presidenten Trump a Selenskyj, den Zougang vun der ukrainescher Arméi op Starlink blockéiert kéint ginn. Den Elon Musk huet dëst nom Eclat zwar dementéiert, mee esou eng Droung hätt scho virum Treffe am Raum gestanen, esou d'Noriichtenagence Reuters.

Vill méi effikass mat Starlink

Fir de Frank Sauer wier Starlink een essenziellen Aspekt an der ukrainescher Krichsstrategie fir sech géint de russeschen Ugrëff ze wieren. Eng europäesch Alternativ géif et den Ament dem Militärexpert no net ginn. Dofir bräicht een Dausende vu Satellitten, also géif och just Starlink a Fro kommen.

“Die Tatsache, dass es der ja doch vergleichsweise kleineren und sozusagen weniger militärisch starken Ukraine gelungen ist, die russischen Streitkräfte so lange zurückzuschlagen, hat extrem viel mit Starlink zu tun. Warum? Weil Starlink im Grunde das ultimative militärische Schmiermittel ist.” 

Starlink géing alles méi séier maachen, esou de Militärexpert. Konkret geet et hei ëm den Oflaf vun der sougenannter "Killchain": Ziler fannen, verfollegen, zur Bekämpfung fräiginn an ugräifen. Iwwer Starlink kënne beispillsweis Informatiounen an Echtzäit un Drone weidergi ginn. Fréier hätt dat Stonnen, oder esouguer Deeg gedauert, esou de Frank Sauer.

“Das hat die Ukraine auch perfektioniert, indem sie einfach aus bestehenden kommerziellen Lösungen sich selber ein System zusammengebaut hat, was wahnsinnig leistungsfähig ist. Und wenn man Starlink abschaltet, dann ist alles, was mit Kommunikation, mit Führung, mit Informationsübermittlung und dann im Endeffekt auch mit möglichst schneller Waffenwirkung zu tun hat, plötzlich verlangsamt.”

Fir de Frank Sauer wier et gutt, datt d'Ukrain hir Drone selwer produzéiert. Dat géif si an där Hisiicht méi onofhängeg maachen, wat hir Verdeedegung géint déi russesch Ugrëff betrëfft. Datt d'USA als Hëllef ewechfält féiert awer fir de Militärexpert dozou, datt d'Ukrain sech op militäreschem Niveau méi op Europa muss verloossen.

“Luftverteilung wäre sicher ein Punkt, wo die Europäer versuchen müssten, auszugleichen. Wir haben extrem gute auch Systeme in diesem Bereich grundsätzlich, aber wir haben keins, das so leistungsfähig ist, wie Patriot, mit Blick auf ganz bestimmte Bedrohungsszenarien.”

Ee staarken europäeschen Trio

De Militärexpert Frank Sauer hofft, datt et mat enger neier Regierung an Däitschland zu enger méi handlungsfäeger Ënnerstëtzung fir d'Ukrain kënnt.

“Schon am Wahlabend hat Friedrich Merz ja im Fernsehen gesagt, dass er aus seiner Sicht darauf hinarbeiteten arbeiten will, dass wir uns Schritt für Schritt selbständig machen und von den USA entkoppeln. Und das ist für jemanden von der CDU, der Partei von Konrad Adenauer und der Westintegration, ein dramatischer Satz.”

De Frank Sauer mengt och, datt Däitschland elo an eng nei Roll erawuesse misst. Et kéint een elo nëmmen hoffen, datt séier eng stabil Regierung op d'Bee gestallt gëtt. Zesumme mat Frankräich a Groussbritannie misst ee staarken Trio forméiert ginn, deen Europa entscheedend no vir brénge kann.

“Jetzt muss man Geld in die Hand nehmen, die Rüstungsproduktion hochfahren, Fähigkeiten entwickeln und bereithalten. Das ist viel wichteger, als jetzt irgendwelche hochfliegenden Diskussionen, wie wir vielleicht mögliche Institutionen neu schaffen oder umstrukturieren. Das können wir alles hinterher machen."

Lauschterenplay_arrow