A Frankräich ass de Verkaf vun Alkohol scho laang streng gereegelt. A Geschäfter ass et verbueden tëschent 8 Auer owes an 8 Auer moies Alkohol ze verkafen. Aner Länner an Europa sinn nach wäit dovun ewech. Pole beméit sech elo och dee Wee anzeschloen.
Pilotprojet Hannover: Dräi Méint laang sollen d’Geschäfter op der Gare Freides a Samschdes keen Alkohol tëschent 10 Auer owes a 6 Auer moies verkafen (Foto: picture alliance / dpa | Caroline Seidel)
D’Zuel vun Doudesfäll duerch Alkohol ass a Polen duebel esou héich wéi am Europäeschen Duerchschnëtt. Vun haut, Samschdeg, un dierf an zwee zentrale Stadgebidder vu Warschau keen Alkohol méi tëschent 10 Auer owes a 6 Auer moies verkaaft ginn.
Eng Moossnam, déi vu villen Awunner:inne begréisst gëtt, awer als net genuch ugesi gëtt.