Radioen

On air

9 bis 1  |  Klein - Episode

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Zweete Waltour: Iwwer 210 Kandidaturen aus taktesche Grënn zeréckgezunn

Walen a Frankräich

Zweete Waltour: Iwwer 210 Kandidaturen aus taktesche Grënn zeréckgezunn

A Frankräich goufen iwwer 210 Kandidaturen zeréckgezu virum zweeten an decisiven Tour vun de Parlamentswalen e Sonndeg. Dat aus taktesche Grënn, fir d‘Chancë vum riets-extreeme Rassemblement National ze reduzéieren.

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Artur Widak
Foto: picture alliance / NurPhoto | Artur Widak

Gëschter Owend war den Delai fir d‘Kandidature fir e Sonndeg ze confirméieren. Der Zeitung Le Monde no wieren 218 Kandidaturen zeréckgezu ginn, dovun 130 beim lénken Nouveau Front Populaire, an 83 am Camp vum President ënner der Lëscht Ensemble.

France Info mellt liicht manner där "Desistementer“, mat 211 Kandidaturen, déi zeréckgezu wieren. Mat dëser Front géint de Rassemblement National soll verhënnert ginn, datt déi rietsextreem Partei e Sonndeg eng absolut Majoritéit am Parlament kéint kréien.