Si sollen tëschent 2004 an 2016 Sue vum Europaparlament verontreit hunn, fir national Mataarbechter:innen ze bezuelen, wat strikt ënnersot ass. De Parquet fuerdert 5 Joer Prisong, 3 op Sursis, an eng Spär vu 5 Joer fir politesch Ämter fir d'Marine Le Pen.
Zäitgläich ass si den Ament ganz aktiv als Oppositiounspolitikerin an huet dës Woch en vue gestallt, datt hir Partei bereet ass ee Mësstrauensvott géint d'Regierung ze stëmmen, wat zum Ofdanke vun dëser géing féieren.
D'Marine Le Pen üübt also Héichdrock op d'Regierung aus a steet awer och selwer mam Réck zur Mauer.
Talk mam 100,7-Korrespondent Max Tholl