Am Haus wier just eng Persoun gewiescht, d'Ursaach vum Feier wier nach net bekannt. Et wier elo ënner Kontroll an net op aner Haiser iwwergaangen, esou nach den Escher Buergermeeschter.
Op der Plaz sinn d'Pompjeeë vun Esch, Keel, Péiteng an Déifferdeng. D'Rue Victor Hugo ass den Ament fir den Trafic gespaart an d'Police réit de Leit dëse Beräich groussraimeg ze ëmfueren.