Ee kuerze Bléck op den Tracklisting vun der neier Plack, sou wéi op hiren Titel ginn duer, fir eng Anung ze kréien, iwwer wat de John Grant hei séngt. “Father” heesch eent vun de Lidder, “Daddy” en anert, oder och nach “Mother To Child”. Ëm komplizéiert Famillje-Konstellatioun geet et, allerdéngs schléit de Sänger a Songschreiwer de Bou méi wäit, bis bei déi amerikanesch Politik.
Ofrechnung mam Donald Trump
An de Singlen “It’s A Bit... Disconcerting (dat am onzenséierten Original e bëssen anescht heescht), oder “All That School For Nothing” liest hie sengem fréieren Heemechtsland USA d’Levitten. A virun allem emol rechent hie mam Donald Trump of. “The Art of the Lie” ass eng direkt Referenz op dem Geschäftsmann säi Buch “The Art of the Deal”. “Jesus wants you rich” ironiséiert den John Grant a leet domat de Fanger an d’Wonn: Wéi ass et méiglech, dass ausgerechent en Donald Trump sech kann op d’Wäerter vun der Bibel beruffen, a gläichzäiteg genee de Contraire vun deene Wäerter liewen? A firwat stéieren sech esou wéineg vu senge Wieler*innen un deem Widdersproch?
De John Grant selwer gouf viru 55 Joer am Bundesstaat Michigan an eng Methodiste-Famill gebuer, a streng reliéis erzunn. Als Teenager huet hie gemierkt, dass hien homosexuell wier, a vun deem Moment un ass e Gruef opgaangen, tëscht deem Mënsch, deen hien ass, an deem, deen hie fir seng Famill wollt sinn. “I feel ashamed because I couldn‘t be the man / You always hoped that I, would become“, séngt hien am Titel „Father“.
Déi Spannung tëscht Erwaardung an Enttäuschung zitt sech duerch déi gutt Stonn, déi d‘Plack dauert. Zu senger Famill a senger Hierkonft ass de Grant mëttlerweil op Distanz gaangen. Hie lieft zënter zéng Joer zu Reykjavik an huet och déi islännesch Nationalitéit ugeholl.
E bësse rosen, e bësse sarkastesch, awer och absurd an dacks dout traureg ass „The Art of the Lie“. Et ass eng Zort perséinleche Protest-Album, op deem awer net d‘akustesch Gittaren d‘Haaptroll spillen, mee d‘Synthesizer. Wann dem John Grant seng éischt Plack „The Queen of Denmark“ nach éischter a Richtung psychedelesche Folk tendéiert huet, da war dat virun allem dem Afloss vun der Formatioun Midlake geschëlt, mat där hien zesummen un den Arrangementer geschafft hat.
Vu Beach-Boys-Harmonien zu dissonante Soloen
Zënterhier huet hien awer déi elektronesch Kläng als Ausdrocksmëttel entdeckt. Fir säin neien Album huet hie mam Produzent Ivor Guest zesummegeschafft, dee scho fir d‘Grace Jones an déi franséisch Sängerin Brigitte Fontaine hanner dem Mëschpult souz. De méi kalen an detachéierte Sound vun de Maschinnen notzt den John Grant fir kënne säi Bannenzegt no Baussen ze kéieren, ouni dass et ze vill kitscheg gëtt.
Ëmmer erëm séngt hie mat sech selwer am Duett, an deem hie seng Stëmm verduebelt an duerch e Vocoder verännert, a verstäerkt esou d’Gefill vun der Isolatioun, well den Dialog am Fong e Monolog ass. 6-7 Minutten daueren d’Lidder, si wiesselen dacks ouni Iwwergank vu Beach-Boys-Harmonien zu dissonante Soloen op Instrumenter, déi een net direkt identifizéiere kann. Dem John Grant geléngt hei d’Konschtstéck, souguer e Synthesizer un d’Kräischen ze kréien.