Zënter dëser Woch sinn d’Finalisten a Finalistinne fir de Luxembourg Song Contest bekannt. 7 Kandidaten, dorënner 3 Bands, 3 Sängerinnen an 1 Sänger, sinn domat ee Schrëtt méi no a Richtung Basel. Ënnert hinnen ass och d'Rafa Ela.
"Net vergiessen, wien een ass"
Si ass keen neit Gesiicht: Si war nämlech och schonn an der leschter Editioun bis an d’Finall komm. Deemools an engem Duo zesumme mam Angie. Fir d’Rafa Ela geet d’Aventure als Solo-Sängerin mat Vue op den ESC also elo réischt lass.
Déi nächst Wochen a Méint wäert vill geprouft ginn, an um Song an un der Performance geschafft ginn. Dat alles mat engem Fokus: Wéi kënne mir deen Optrëtt prett fir den ESC maachen? Am Gespréich mam Sophie Schroeder huet d’Rafa Ela erzielt, wéi Si an dësem ganze Prozess awer nach sech selwer trei bleift.
“Schwéier ass et net, wann een de Charakter dofir huet. Et muss een e staarke Charakter hunn, fir dat heiten duerchzehalen. Dat ass sécher. Wann ee schonn elo Zweifel huet am Kapp, dass ee gewësse Saache vläicht net hikritt oder a gewësse Saache vläicht net gutt genuch ass, da gëtt et ganz schwéier sech selwer ze bleiwen. Mee et muss ee wierklech déi Bull ronderëm opbauen an net vergiessen, wien een ass. Et ass wichteg och am Alldag nach ëmmer seng Saachen ze maachen, nach ëmmer Zäit mat der Famill, Kolleegen ze verbréngen, déi eis spiere loossen, wie mir sinn. Well voilà, et ass net, well een elo hei dobäi mécht, dass een elo eng Madonna ass oder eng Beyoncé. Do sinn ech ganz éierlech. Mee et ass einfach eng Chance, déi ee kritt.”
100,7-Freundebuch
An an eiser Serie vun den LSC-Finaliste mussen all déi 7 Kandidate Sätz komplettéieren, déi d’Sophie Schroeder hinne virgëtt. Am Gespréich mam Rafa Ela schielt sech raus, datt den Eurovision Song Contest ee ganz groussen Dram vun hir ass.
Den LSC bedeit fir mech:
Alles. Wierklech alles. Et ass eng riseg Léift fir mech. Et ass den Dram vum klenge Meedchen, dat klengt Rafaela, fir um Fernseh dat alles ze gesinn, elo rëm an der Finall ze stoen a vläicht d'Chance, et selwer do dohinner ze packen. Deen Dram wäert ëmmer bleiwen an déi kleng Rafaela ass, déi spréngt bannen dran, fir den ESC.
Mat Lëtzebuerg verbannen ech:
Diversitéit. Diversitéit an Heemescht.
Mäi Song fir den ESC zeechent sech aus duerch:
Ganz vill Feier, ganz vill Energie a Power.
Mäi Liblings-Eurovisiounslid ass:
Dat sinn der sou vill, déi gutt waren. Bon, ech menge selbstverständlech den Tattoo vum Loreen, dee war richteg, richteg gutt, hunn ech besser fonnt wéi den Euphoria, muss ech éierlech soen. An dann, dat sinn zwar keng winning songs, mee ee vu menge Liblingssongs war Bones vun Equinox. Dat war Bulgarien. Ech hunn eng Playlist op Spotify vun Eurovision Songs. Dat heescht, do gesäit ee schonn, wéi Fan ech vum ESC sinn. An ëmmer déi schlëmmste Fro, déi ee mir stelle kann, ass de Liblingssong, well ech hunn der sou vill.