Et gëtt esouvill nei Musek z‘entdecken. D‘Museksredaktioun vum radio 100,7 lauschtert sech all nei Verëffentlechung un. Ok, vläicht net grad all Lidd, an dach dinn eis Oueren um Enn vum Dag wéi. Déi hei Songs hunn et a sech a lafe bei eise Museksnerds ouni Enn op der Anlag.
"The Human Fear" wäert den 2000er Indie-Legende Franz Ferdiand hir nei Plack heeschen, eraus am Januar. Déi zweet Singleauskopplung soll d'Opkomme vu staarke Gefiller an engem enke Raum ausdrécken, an ass deem entspriechend intensiv gerode fir d‘Schotten.
Der Yazmin Lacey hir nei ass ganz op relaxe Flow opgebaut, an erzielt dovun, wéi ee sech an ee Gefill eragoe loosse kann.
Junior Varsity komme vun New York a proposéiere mat "Cross The Street" gutt gelaunten Indie, deen och iergendwéi un d‘2000er erënnert.
Ganz op Melodie opgebaut an e bëssen epesch klengen Adult Leisure vu Bristol, déi zanter dass se vum Jake Gosling produzéiert sinn, ofrappen. "Kiss Me Like You Kiss Her" ass eppes méi déif Momenter.
Dat gëllt och fir Beirut hire "Caspian Tiger", deen aus dem Soundtrack fir d‘Zirkuskompagnie "Giraff" erausgeholl gouf, an ee vum Ausstierwe bedrotent, majestätescht Déier feiert.
Op d'Oueren! 22.11.2024
- Franz Ferdinand – Night or Day
- Yazmin Lacey – The Feels
- Junior Varsity – Cross The Street
- Adult Leisure – Kiss Me Like You Kiss her
- Beirut - Caspian Tiger