arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Vun Enn Oktober un: Nei Direkt-Flich vu Lëtzebuerg an Abu Dhabi

Etihad Airways

|
headphones

1 min

Vun Enn Oktober un: Nei Direkt-Flich vu Lëtzebuerg an Abu Dhabi

Et kënnt eng nei Fluchgesellschaft a nei Fluchverbindung op Lëtzebuerg: Vum Hierscht u wëllt Etihad Airways dräi mol d’Woch Direkt-Flich tëschent dem Findel an Abu Dhabi ubidden. Dat huet d‘Fluchgesellschaft aus de Vereenegten arabeschen Emiraten um Freideg annoncéiert.

headphones

1 min

© Adobe Stock / Franz Massard
(Foto: Adobe Stock / Franz Massard)

Den éischte Vol soll den 29. Oktober vum Findel aus fortfléien. Dës néi Verbindung géif esouwuel Touristen, ewéi och Geschäftsleit ze gutt kommen, schreift Lux-Airport.

Mat dësem Direkt-Fluch géifen och nei Destinatiounen an Asie fir d’Passagéier vum Findel opgoen – déi een dann am Uschloss vun Abu Dhabi huele kéint – zum Beispill an Thailand, Singapur oder Japan.

Am November zejoert hat d’Mobilitéitsministesch Yuriko Backes gesot, datt si en Direkt-Vol an d’USA vum Findel aus begréisse géif.

Lux-Aiport huet op Nofro hi matgedeelt, datt si keen Afloss dorop hunn, wéi eng Volle vum Findel aus fort ginn. Eleng d’Fluggesellschafte géifen op Basis vun der Nofro decidéieren, ob si eng Destinatioun ufléien oder net.