arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Padel - Méi wéi nëmmen en Trend?

jonk sportaart

|
headphones

3 min

headphones

10 min

play_arrow

Padel - Méi wéi nëmmen en Trend?

Padel, eng Mëschung aus Tennis a Squash, ass zënter e puer Joer engem groussen Hype ausgesat. Och zu Lëtzebuerg. De Jemp Felgen, President vun der Lëtzebuerger Padelkommissioun, huet am radio 100,7-Interview erkläert wéi wäit déi nach jonk Sportaart zu Lëtzebuerg ass, an u wat et nach feelt.

headphones

3 min

headphones

10 min

play_arrow
Padel-Match | © EPA/Francisco Guasco
Padel-Match (Foto: EPA/Francisco Guasco)

1969 war d'Gebuertsstonn vum Padel. Deemools huet e mexikanesche Geschäftsmann a senger Vakanzeresidenz wëllen en Tennisterrain bauen. Aus Plazmangel ass deen dunn awer méi kléng gi wéi normal, a fir de Ball net dauernd musse sichen ze goen, huet en och Mauere ronderëm gebaut. Doduerch huet sech e ganz neit Spill entwéckelt, eng Mëschung aus Tennis a Squash, déi an de leschte Joren e reegelrechten Hype erlieft – och hei zu Lëtzebuerg.

Éischten internationalen Tournoi zu Lëtzebuerg

Vun e Mëttwoch bis e Sonndeg fënnt dann och den éischten internationale Padeltournoi zu Lëtzebuerg zu Mënsbech. Dobäi ass Padel nach eng ganz jonk Sportaart zu Lëtzebuerg, wéi de Jemp Felgen, President vun der Padelkommissioun an Tennisfederatioun erzielt.

"Ech géif soen 2017, 2018, do sinn déi éischt Terraine gebaut ginn. Op der Kockelscheier respektiv och zu Housen. Richteg lassgaangen ass et 2022, mat der Grënnung vun der Kommissioun vum Padel am Kader vun der Lëtzebuerger Tennisfederatioun."

Grouss Nofro - Wéineg Terrainen

Aktuell ginn et véier eegestänneg Padelclibb zu Lëtzebuerg, allerdéngs kann och all Tennisclub eng eege Padelsectioun grënnen, esou nach de Jemp Felgen. Méi wéi 500 Leit sinn zu Lëtzebuerg am Padel lizenzéiert. Op déi 500 Padelspiller a Spillerinne kommen awer nëmme 17 Terrainen hei zu Lëtzebuerg. Dat wier e grousse Problem, erkläert de Jemp Felgen.

"Dat geet wierklech guer net op. Also, dat ass ganz schlëmm. Wann ee lo bedenkt, fir lo zum Beispill fir d'Landesmeeschterschaft, déi mer lo de 26. September starten, hu mer misste lo zwee Méint am Virfeld schonn Terraine reservéieren, fir iwwerhaapt genuch Terrainen ze hunn, fir kënnen de Championnat ze spillen."

Dofir géifen och vill Lëtzebuerger bei Arel Padel spille goen, well do méi Terrainen zur Verfügung stinn. Natierlech géif dëse Manktem un Terrainen och der Entwécklung vum Padel hei zu Lëtzebuerg am Wee stoen, dobäi wier et vill méi bëlleg en neie Padel- wéi Tennisterrain ze bauen, esou nach de Jemp Felgen.

play_arrow Lauschteren