Text: Laure Carier
Ganzer 80 Campingplazen ginn et zu Lëtzebuerg, e Groussdeel dovu gehéieren zu der Vereenegung vun de Lëtzebuerger Campingbedreiwer Camprilux. D’Genaralsekretärin Linda Gedink vu Camprilux iwwer Detailer vun dëser Saison.
"Et war eng gutt Saison. Et ware vill Leit do. Et ass och, well dëst Joer d'Feierdeeg alleguer e bësse méi spéit ware wéi déi aner Joer. Dofir waren dann och all déi Deeg, déi zesummegehéieren, wéi Ouschteren, Christi Himmelfaart, Päischten, déi waren da méi spéit, dat heescht dann ass et och besser Wieder fir op de Camping ze goen."
Vakanz doheem nach ëmmer am Trend
Déi meescht Touristen op de Campinge kommen nach ëmmer aus Holland. Och Däitscher, Belsch an Englänner fannen de Wee bis op Lëtzebuerg. Mee wéi gesäit et mat de Lëtzebuerger aus? Ass Vakanz doheem nach ëmmer am Trend?
"Do sinn der awer vill, déi entdeckt hunn, wéi flott Lëtzebuerg ass, zemools och an der Vir- an an der No-Saison komme se dann och nach oft hei op Lëtzebuerg, vläicht net méi esou vill an der Héichsaison, well se dann och meeschtens méi laang fräi hunn an dann och méi Geleeënheet hunn, fir méi wäit ze fueren, mee esou fir déi déi laang Weekender, do kommen der awer ëmmer nach eng ganz Partie."
Ët geet een den Héichwaasserproblem un
Nodeems an de leschte Joren ëmmer erëm Campinge vun Héichwaasser betraff waren, huet Camprilux ee Rapport ausschaffe gelooss, fir ze kucken, wéi sech d’Campingen am Fall vun Iwwerschwemmunge besser schütze kënnen. Och wann et an dësem Joer keng Problemer mat Héichwaasser gouf, sollen d’Aarbechten am kommende Joer weidergefouert ginn. D’Generalsekretärin Linda Gedink vu Camprilux mat den Erklärungen.
"Do sinn d'lescht Joer och ëm eng Partie Audite gemaach ginn. Dat heescht, do ass eng spezialiséiert Firma komm, fir ze kucken, wat ee ka verbesseren, wann een an enger Iwwerschwemmungszon oder an enger Staarkreenzon läit. Do sinn och verschidde Recommandatioune gemaach ginn. A mir sinn och amgaangen, fir ze kucken, fir dat am nächste Joer ze widderhuelen."
D’Campingen zu Lëtzebuerg ginn esouwuel fir méi laang Openthalter, wéi och fir méi kuerz Zwëschenstoppe genotzt. Eng wichteg Roll spillen dobäi och d’Wanderweeër, déi et de Visiteuren erlaben, verschidde Regiounen am Land vu Camping zu Camping ze entdecken.