Vondelkierch a Flamen: Amsterdam plangt Rekonstruktioun
D'Stad Amsterdam wëllt hir berüümt Vondelkierch nees opbauen. D'Stad huet annoncéiert eng Spendenaktioun wëllen ze lancéieren. D'Kierch aus dem 19. Joerhonnert hat an der Silvesternuecht gebrannt. Den Tuerm an den Dag sinn agestierzt. Iwwer d'Ursaach vum Feier gëtt nach enquêtéiert.
An der Silvesternuecht ass e Feier an der Vondelkierch ausgebrach. D’Kierch läit beim Vondelpark zu Amsterdam. (Foto: EPA/REMKO DE WAAL)
D‘Silvesternuecht war an Holland vu Gewalt markéiert. Der Police no hätt et nach ni esou vill Gewalt a Gewaltbereetschaft géint d‘Autoritéite gi wéi dëst Silvester. Ënner anerem wiere Molotow-Cocktailen a Freedefeier-Rakéiten op Polizisten a Membere vun de Rettungsdéngschter gepucht ginn.
Eng sëlleg Autoe goufen a Brand gestach, e Supermarché gouf iwwerfall, 250 Leit goufe festgeholl. Et gouf och zwee Doudeger bei Accidenter mat Knupperten.