arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Vizepresidentin vu Venezuela iwwerhëlt Regierung

Venezuela/USA

|
headphones

1 min

Vizepresidentin vu Venezuela iwwerhëlt Regierung

De President vu bis elo Nicolás Maduro ass zu New York am Prisong. D’Vizepresidentin Delcy Rodríguez iwwerhëlt elo d’Regierung, esou lokal Medien. Si gelt als eng vun de loyaalste Figure ronderëm de Maduro.

headphones

1 min

Delcy Rodríguez | © EPA/MIGUEL GUTIERREZ
Delcy Rodríguez (Foto: EPA/MIGUEL GUTIERREZ)

Dat hätt den ieweschte Geriichtshaff esou entscheet. Do virdrun hat den US-amerikanesche President Donald Trump erkläert, datt d’USA d’Muecht am südamerikanesche Land géifen iwwerhuele wëllen.

Et géif nëmmen ee President am Land ginn an dat wier de Nicolás Maduro, dat sot d’Delcy Rodríguez bei enger Sëtzung vum nationalen Defenserot.

No der Destitutioun goufen den Nicolás Maduro a seng Fra bei engem US-Militärasaz festgeholl an an d’USA bruecht. Si sëtzen zu New York am Prisong.

Ee Video (vum Wäissen Haus verëffentlecht) weist de Maduro an Handschellen an ëmgi vu Polizistinnen a Polizisten. Him a senger Fra ginn ënner anerem “Verschwörung zum Drogenterrorismus” an “Verschwörung zum Kokainimport” virgehäit. US-Medie mellen, datt hien a Kuerzem viru Geriicht soll.

A villen US-Stied soll et zu Protester koum sinn, dorënner New York, Los Angeles a Washington. Gläichzäiteg sollen och Exil-Venezuelaner d’Destitutioun vum Maduro gefeiert hunn.