Verhält dat russescht Rout Kräiz sech am Krich géint d'Ukrain neutral?
Déi Lëtzebuerger Regierung wëllt préiwen, ob dat russescht Rout Kräiz sech neutral am Krich géint d'Ukrain verhält. Verschidden Europäesch Medien hate gemellt, datt dat russescht Rout Kräiz dem Putin-Regimm géif nostoen an datt international Gelder géife verontreit ginn.
Parallel hätt dat russescht Rout Kräiz Büroen an occupéierten Deeler vun der Ukrain opgemaach. Dat géif géint international Reegele verstoussen.
Lëtzebuerg géif sécher goen, datt keng Gelder fir illegal Zwecker benotzt ginn an d‘Fongen, an déi Lëtzebuerg abezilt, géifen net un dat russescht Rout Kräiz goen. Dat seet den Ausseminister Xavier Bettel an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der DP.