arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Venezuela bréngt Konflikt mat USA virun UN-Sécherheetsrot

International

|
headphones

1 min

Venezuela bréngt Konflikt mat USA virun UN-Sécherheetsrot

Venezuela huet eng Drénglechkeetssëtzung vum UNO-Sécherheetsrot ugefrot, well d‘USA ëmmer méi Drock op d‘Land maachen. Domat bréngt Venezuela elo de Konflikt mat den USA virun den UNO-Sécherheetsrot.

headphones

1 min

© EPA/Henry Chirinos
(Foto: EPA/Henry Chirinos)

Caracas mécht den USA schwéier Virwërf a schwätzt vun enger oppener krimineller Aggressioun. Hannergrond sinn déi blockéiert venezuelanesch Pëtrolstankeren an déi massiv Presenz vun US-Militär.

Den US-President Donald Trump behaapt, dass dat südamerikanescht Land den USA Pëtrol, Land an aner Verméigenswäerter geklaut hätt, an erëm zeréck misst ginn.

Ufanks den 2000er Joren hat Venezuela Pëtrolsfelder verstaatlecht, dovu waren och auslännesch an amerikanesch Firmae betraff.