Radioen

On air

9 bis 1  |  Klein - Episode

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Urteel vum Ieweschte Geriicht an den USA huet éischt Konsequenzen

USA

Urteel vum Ieweschte Geriicht an den USA huet éischt Konsequenzen

D‘Urteel vum Ieweschten amerikanesche Geriicht iwwer d‘Immunitéit vum President huet éischt Konsequenzen. Dem Donald Trump seng Strof a sengem penale Prozess zu New York gëtt elo net d‘nächst Woch annoncéiert, wéi geplangt, mee eréischt den 18. September.

auto_stories

1 min

Donald Trump | © picture alliance / Consolidated News Photos | Ron Sachs - CNP

Dat huet deen zoustännege Riichter zu New York annoncéiert.

Um Geriicht zu New York ass de fréiere President verurteelt ginn, well hien eng Bezuelung vun enger fréier Porno-Schauspillerin vertuscht an Dokumenter gefälscht hat. Den Donald Trump riskéiert eng Geld- oder eng Prisongstrof. 

D'Supreme Court hat dës Woch festgehalen, datt e fréieren US-President fir all offiziell Handlunge wärend hien am Amt war eng Immunitéit viru penale Poursuitten huet. Nëmme fir inoffiziell Handlunge kéint d'Immunitéit opgehuewe ginn.