De Philippe Schaack war wéinst Geheimnisverrot verurteelt an am Februar 2023 entlooss ginn, well hien an engem Bréif de Geheimdéngscht vu Lettland ëm Rot gefrot hat. Den Tribunal administrativ hat déi Strof am Abrëll zejoert confirméiert, wougéint den Ex-SREL-Agent de Mount drop Appell gemaach hat. Haut
Op der Cour administrative bloufen déi zwou Säiten um Dënschdeg bei hire géigesätzleche Vuen.
De Me Jean-Marie Bauler, Affekot vum Philippe Schaack, huet all Responsabilitéit vu sengem Client fir dee Bréif zréckgewisen.
Disproportionéiert Urteel, fënnt den Affekot
Obwuel fir d’Vertriederin vum Stat net kloer ersiichtlech wär, dass dee Bréif vun der Personalvertriedung war, wär dat awer de Fall. Säi Mandant hätt sech am Juni 2022, als President vun der Gewerkschaft vum Geheimdéngscht, un dee letteschen adresséiert, fir datt de SREL um Enn all d’Moyenen hätt, fir seng Missiounen ze erfëllen.
Hei géif deemno keen disziplinaresche Feeler virleien. Et géif sech d’Fro no der Gewerkschaftsfräiheet stellen. Nawell hätt de Philippe Schaack vun haut op muer ouni Pai do gestanen. Et wär en aarme Stat, deen e Syndikalist bestrofe géif, deen op Problemer hiweise géif, esou de Me Bauler.
"Dat ass fir mech eng décision de la honte, wann an engem Kontext vun engem Syndicat Leit, déi ebe sech hierginn - a mir wëssen, wéi schwéier oder wéi ëmmer méi schwéier dat gëtt, fir sech nach ze engagéieren - dann déi esou ofgeseet ginn."
A sengen Ae sollt d’Entloossung allzäit annuléiert ginn.
Aktioun wier genee geplangt gewiescht
D’Vertriederin vum Stat huet d’Confirmatioun vum éischten Urteel gefrot. Fir si géif d’Géigepartei probéieren, vum eigentleche Sujet ofzelenken.
Dobäi géif en "immens schlëmmen disziplinaresche Feeler" vum Philippe Schaack virleien. Deen hätt seng Aktioun genee geplangt, andeems hien op enger Reunioun am Ausland e Vertrieder vum lettesche Geheimdéngscht ugeschwat an duerno e Bréif geschriwwen hätt.
Hien hätt awer net als Gewerkschaftsvertrieder, mee am eegenen Numm gehandelt. Den Ex-SREL-Agent kéint sech net hanner der Gewerkschaftsfräiheet verstoppen an hätt esou e Bréif net ze schreiwen an an d’Ausland ze schécke gehat.
Schued géif weiderhi verursaacht ginn
Fir de Stat wär seng Entloossung déi richteg Strof: Schliisslech hätt d’Reputatioun vum Land gelidden. Dobäi kéim, datt de Philippe Schaack weiderhi Schued verursaache géif, ënner anerem well hien an d’Press gaange wär.
Op d’Verwaltungsgeriicht war de Moien iwwregens dem Philippe Schaack säi Papp Jos komm, fréieren DP-Regierungsmember.
An den nächste Woche gëtt an dëser Affär een Urteel gesprach. Aus "Grënn vun der nationaler Sécherheet" ass d'Urteel vum Verwaltungsgeriicht net fir d'Press disponibel.