Hien huet och d’Elteren dozou opgeruff, déi jonk Kanner net virun d’Ecranen ze loossen. De Claude Meisch hätt vun den Experten aus de Kompetenzzentere gesot kritt, datt d‘Ecranen am jonken Alter kéinten zu Gewaltverhale féieren.
"Well e Kand, wat virun engem Ecran sëtzt iwwer Stonnen den Dag, do wou eigentlech all Expert seet, guer keen Ecran, well bis dräi Joer ass guer keen Ecran recommandéiert, dat léiert net schwätzen, dat léiert sech net beweegen. Dat Kand, dat léiert och net seng Sozialkompetenzen ze entwéckele mat anere Kanner."
Verbuet vu Soziale Medie kënnt
D’Zuel vun de Kanner, déi an der Grondschoul eng Ënnerstëtzung brauche vun der ESEB, der Equipe de soutien des élèves à besoins éducatifs spécifiques, geet drastesch an d’Luucht. 2019 bis 2020 krute 700 Kanner eng Ënnerstëtzung. Zejoert waren et der 2.770, huet de Claude Meisch preziséiert.
De Verbuet vu Soziale Medie fir Mannerjäreger bis ee gewëssenen Alter kënnt. Dat sot den Educatiounsminister Claude Meisch de Mëtteg an der Chamber.
Et géif ee fir d’éischt kucken, ob ee sech mat deenen aneren EU-Memberstaaten driwwer eens gëtt. Sollt et awer keen Accord an der EU ginn, da géif een zu Lëtzebuerg dee Verbuet gesetzlech verankeren.
Wéini dat geschéie soll, huet de Claude Meisch net preziséiert.