Do hat och den DP-Educatiounsminister Claude Meisch ënner anerem betount, datt een an der Krisentintervetioun misst "besser ginn".
Präventioun méi an de Virdergrond stellen
Kriseninterventioun géif dem SNE no awer net duergoen. Den SNE fuerdert dofir ënner anerem enger Präventiouns-, Hëllefs-, an Interventiounsstruktur.
Iwwerdeems fuerdert den SNE, datt et misst méiglech sinn ee Kand aus dem reguläre Schoulkader ze huelen, wann aner Schüler oder d‘Schoulpersonal a Gefor bréngt.
Am deem Fall misst den Unterrecht an den Hannergrond réckelen an d‘Kand an engem spezialiséierten Zenter kënne betreit ginn, mam Zil duerno nees an d‘Schoul integréiert ze ginn, esou den SNE/CGFP.