arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jonker verbréngen op d'mannst zwou Stonnen den Dag op de soziale Medien

National

|
headphones

1 min

Jonker verbréngen op d'mannst zwou Stonnen den Dag op de soziale Medien

Déi sozial Medie prägen den Alldag vun de Jonken zu Lëtzebuerg ëmmer méi. Dat weist den neien nationale Jugendbericht, dee vum Educatiounsminister Claude Meisch virgestallt gouf.

headphones

1 min

©  Xavier Lorenzo / Adobe Stock
(Foto: Xavier Lorenzo / Adobe Stock)

Ronn 80 Prozent vun de Jugendlechen tëschent 12 an 29 Joer sinn op d’mannst zwou Stonnen den Dag an de soziale Medien aktiv. Gläichzäiteg klëmmt bei de Jonken d’Gefill vun Angscht an dat allgemengt Wuelbefannen hellt of.

Regierung weiderhi fir eng Alterslimitt

Bei der Presentatioun vum 260 Säite laange Rapport iwwer d’Situatioun vun der Jugend hei am Land huet den Educatiounsminister betount, den Zougang zu de soziale Medie méi streng reglementéieren ze wëllen. D’Regierung wier weider en Faveur vun engem Verbuet vun de sozialen Netzwierker, mat enger Alterslimitt. Prinzipiell wéilt een hei op EU-Niveau eng Reglementatioun ustriewen.

Gläichzäiteg wéilt ee méi Efforte maache fir de gesellschaftlechen Engagement ze stäerken, esou nach den DP-Minister Claude Meisch virun der Press.