Muer um Mëttwoch soll dann am Tennessee e Mann vu 75 Joer higeriicht ginn, dee seng Fra an där hir zwee Meedercher 1989 erstach hat.
D‘Doudesstrof gëtt et a bal der Hallschent vun de 50 US-Staaten.
Am US-Bundesstaat Indiana gëtt haut um Dënschdeg e 45 Joer ale Mann mat enger Gëftsprëtz exekutéiert, well hien e Polizist no enger Course-Poursuitte wéinst engem geklauten Auto erschoss hat. Am Texas gëtt en 49 Joer ale Mann higeriicht, well en eng Fra wärend engem Abroch an e Geschäft ugestach hat.
Muer um Mëttwoch soll dann am Tennessee e Mann vu 75 Joer higeriicht ginn, dee seng Fra an där hir zwee Meedercher 1989 erstach hat.
D‘Doudesstrof gëtt et a bal der Hallschent vun de 50 US-Staaten.