arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Universitéit Harvard feiert eng virleefeg Victoire géint den Donald Trump

Géint d'Verfassung verstouss

|
headphones

1 min

D'Universitéit Harvard feiert eng virleefeg Victoire géint den Donald Trump

Fir déi US-amerikanesch Universitéit Harvard gëtt et eng virleefeg juristesch Victoire am Sträit mam President Donald Trump a senger Regierung.

headphones

1 min

© Bigstock
(Foto: Bigstock)

Déi hat 2,6 Milliarden Dollar fir d'Uni agefruer wéinst ënner anerem dem Virworf, Harvard géif net genuch géint Antisemitismus maachen. Elo awer huet e Riichter d'Suspensioun vun de Suen annuléiert, well dat géint d'Recht op Meenungsfräiheet an der amerikanescher Verfassung géing verstoussen.

Dat bedeit, datt d'Regierung bis op Weideres keng weider Finanzementer fir d'Uni dierf afréieren. D'Wäisst Haus huet awer annoncéiert an Appell géint d'Decisioun vum Riichter wëllen ze goen.

De President vun Harvard, den Alan Garber, huet dem Riichter seng Decisioun als Ënnerstëtzung vun der akademescher Fräiheet vun der Uni begréisst.