D‘Protester si gréisstendeels friddlech verlaf, déi Schëss wärend enger Maniff zu Salt Lake City am Utah gouf et allerdéngs ee schwéier Blesséierten, huet d‘Police gemellt. Eng Persoun wier an deem Kontext festgeholl ginn.
D‘Protestaktioun am Minnesota gouf iwwerdeems aus Sécherheetsgrënn ofgesot, no déidleche Schëss op eng demokratesch Politikerin an hire Mann gëschter Muere lokal Zäit am Bundesstaat.
Bei enger weiderer Attack goufen en demokratesche Senator a seng Fra schwéier blesséiert.
D‘Dot war den Autoritéiten no politesch motivéiert. De presuméierten Täter, e 57 Joer ale Mann, ass nach ëmmer op der Flucht.
Et gi weider Attacke gefaart. A sengem Auto gouf eng Lëscht mat Nimm vu Politiker a Leit, déi sech fir d‘Recht op Ofdreiwung asetzen, fonnt.
D‘FBI huet eng Belounung vu bis zu 50.000 Dollar op Hiweiser aus der Populatioun ausgesat.