arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Am Agank vun der Strooss vun Hormus: Ugrëffer aus alle Richtungen

Krich am Noen Osten

|
headphones

1 min

headphones

7 min

play_arrow

Am Agank vun der Strooss vun Hormus: Ugrëffer aus alle Richtungen

Honnerte Pëtrolstankere sinn an der Strooss vun Hormus blockéiert. Déi soll och nach weiderhin zoubleiwen, sot den neien iranesche Reliounsleader Modschtaba Chamenei. Eise Korrespondent Philip Crowther ass op der Plaz a beschreift seng Andréck.

headphones

1 min

headphones

7 min

play_arrow
De Philip Crowther
De Philip Crowther

Den Iran attackéiert Schëffer, déi duerch d'Strooss vun Hormus wëlle fueren: Dat als Reaktioun op den US-israeeleschen Ugrëff op den Iran zënter dem 28. Februar. 

Honnerte vu Pëtrolstankeren hänke fest

Ee Véierel vun de Pëtrolsliwwerunge vun der ganzer Welt - also de Pëtrol aus de ganze Golfstaaten - ginn normalerweis duerch d'Strooss vun Hormus transportéiert.

Duerch de Golf vum Oman geet et eigentlech weider an den Indeschen Ozean, fir da weider am Rescht vun der Welt verdeelt ze ginn. 

"Mee den Ament sti se hei. Déi Pëtrolstankere si blockéiert. Si beweege sech iwwerhaapt net." 

Esou beschreift de Philip Crowther et vun der Plaz. Et kéinten e puer Honnert Schëffer sinn, schätzt den 100,7-Korrespondent. 

Lauschtert hei déi ganz Aschätzunge vun eisem Korrespondent

play_arrow Lauschteren