Den Donald Trump sot awer net, wou genee d‘Attack war. Just, datt se un der Küst war.
Hie wollt och net verroden, wien hanner der Operatioun stécht. CNN an d‘New York Times mellen, et wier d‘CIA.
Et wier een Dronenugrëff op een isoléierte Schëffs-Terminal gewiescht. E géif vun der Droge-Gang "Tren de Aragua" genotzt ginn, fir Drogen ze stockéieren an op d‘Booter ze lueden, esou béid Medie weider. Et wier kee blesséiert ginn.
Venezuela huet bis ewell nach net offiziell reagéiert.
Iwwer 100 Doudeger bis elo
Zënter Méint maachen d‘USA Drock op Caracas: Washington gehäit dem President Nicolás Maduro vir, un der Spëtzt vun engem Droge-Reseau ze stoen.
D‘USA hu rezent eng 30 Ugrëff op presuméiert venezuelanesch Drogebooter an der Karibik an am Pazifik gemaach. Iwwer 100 Leit sinn dobäi gestuerwen.