Entretemps waarden och vill Schëffer um Mier, fir eng Beschlagnamung an internationale Gewässer ze evitéieren.
Den Donald Trump behaapt, datt Venezuela den USA Verméige geklaut huet a bezitt sech hei op ugangs den 2000er Joren. Deemools hat dat südamerikanescht Land Uelegfelder verstaatlecht, wouvun och amerikanesch Entreprisë concernéiert waren. De Staatschef vu Venezuela Maduro geheit sengersäits dem Trump vir, ee Regimmwiessel a sengem Land erzwéngen ze wëllen.