Wichtegst Theema bei de Berodungen zu Bonn war d‘Klimafinanzéierung. Am Paräisser Klimaaccord vun 2015 war festgehale ginn, datt d‘Industrielänner all Joer den aarme Länner Milliardenhëllefen zur Verfügung stelle fir Klimaschutzmesuren.
Bis 2025 geet deen Accord. Elo war et d‘Fro, wéi et no 2025 weidergeet.
Zu Bonn gouf awer keng Äntwert op déi Fro fonnt. Déi Fro muss deemno op der COP29 zu Baku, am November, tranchéiert ginn.