Op senger Plattform Truth social schreift den Donald Trump, de Pentagon géif sech grad preparéiere fir e méiglechen Asaz.
Den nigerianesche President Bola Ahmed Tinubu hat virdru schonn op X betount, datt “Nigeria reliéis Verfollgung géif ofleenen an net géif fërderen”.
Den Donald Trump schreift weider “wann d’Regierung dat weider géif zouloossen, da géifen d’USA direkt alleguer d’Hëllefe fir d’Land stoppen”. Weider heescht et géif een “déi islamistesch Terroristen ausrotten”.Zum Schluss schreift den Trump: “WARNUNG: DÉI NIGERIANESCH REGIERUNG HÄTT BESSERSÉIER ZE MAACHEN!”
De President Tinubu betount, et wéilt ee mat den USA an der internationaler Gemeinschaft kooperéieren.