Radioen

On air

Concert  |  Galaconcert SOS Weltkannerdierfer

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Trotz Wafferou mat der Hisbollah: Israeelesch Attacken op Beirut

Noen Osten

Trotz Wafferou mat der Hisbollah: Israeelesch Attacken op Beirut

Déi israeelesch Aviatioun huet hënt op en neits Viruerter vun der libaneesescher Haaptstad Beirut ugegraff. Viséiert ware laut israeelescher Säit ee Member vun der Hisbollah Miliz, deen der Hamas zougeschafft soll hunn. 

auto_stories

1 min

Loftattack op Beirut | © picture alliance/dpa | Marwan Naamani
Loftattack op Beirut (Foto: picture alliance/dpa | Marwan Naamani)

Virun e puer Deeg eréischt hat Israel en Dronelager bei Beirut attackéiert. Eigentlech gëllt eng Wafferou. 

Conseillere vum Netanjahu festgeholl

An Israel goufen um Méindeg iwwerdeems zwee enk Conseillere vum Premier Benjamin Netanjahu festgeholl. Dat am Kader vum Qatargate. Den israeeleschen Inlandsgeheimdéngscht Shin Bet verdächtegt déi zwou Persounen, Bestiechungsgelder aus dem Katar ugeholl ze hunn. Och de Premier Netanjahu gouf verhéiert, deen huet vun enger politescher Enquête geschwat.

D'Oppositioun gesäit d'Entloossung vum Chef vum Inlandsgeheimdéngscht an d'Enquête géint de Netanjahu am selwechte Kontext. Den ieweschte Geriichtshaff huet déi Entloossung och suspendéiert.