Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Triathlon konnt ofgehale ginn

Waasserqualitéit gutt genuch

Triathlon konnt ofgehale ginn

Bei den Olympesche Spiller zu Paräis kann den Triathlon vun de Fraen a Männer haut ofgehale ginn. D'Waasserqualitéit an der Seine, wou d'Schwammepreuvë vum Triathlon sinn, géif elo den Normen entspriechen, hunn d’Organisateuren de Moie matgedeelt.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance/dpa | Marijan Murat

Den Dënschdeg war d'Waasser nach net propper genuch, an den Triathlon vun de Männer war ofgesot an op haut verluecht ginn.

Beim Triathlon vun de Fraen, deen de Moien um 8 Auer ufänkt, ass fir Lëtzebuerg d’Jeanne Lehair derbäi. Si war zejoert Europameeschterin. De Lëtzebuerger Chef de Mission Raymond Conzemius hat gesot, hie géif der Jeanne Lehair d'Lëtzebuerger Toppleeschtung zu Paräis am meeschten zoutrauen.

Nieft hir sinn haut fir Lëtzebuerg och nach d'Ni Xia Lian am Dëschtennis an den Nicolas Wagner-Ehlinger am Dressurreiden am Asaz. Déi 61-Joer al Ni Xia Lian spillt an de 16.-Finalle vum Dëschtennis-Simpel um 11 Auer géint déi 23-Joer-al Nummer 1 op der Welt, d'Sun Yingsha aus China. An den Dressurreider Nicolas Wagner-Ehlinger trëtt kuerz no hallwer 3 an der Qualifikatioun un.