Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Contournement Alzeng-Hesper: Planungsaarbechte bis Enn dës Joers ofgeschloss

Mobilitéit

Contournement Alzeng-Hesper: Planungsaarbechte bis Enn dës Joers ofgeschloss

D‘Planungsaarbechte fir den Contournement vun Alzeng-Hesper solle bis Enn dës Joers ofgeschloss sinn. Sou datt am Laf vum nächste Joer d‘Finanzéierungsgesetz kann ausgeschafft ginn.

auto_stories

1 min

© European Union

Dat äntwert d‘Mobilitéitsministesch Yuriko Backes op eng parlamentaresch Fro vum Deputéierte vun déi gréng Meris Sehovic.

Dee Gesetzesprojet soll dann och nach d‘nächst Joer an d‘Chamber.

Wat den Ufank vun den Aarbechte betrëfft, sou kann d‘Ministesch allerdéngs nach keen Datum nennen. Déi ëmwelttechnesch a geotechnesch Etudë wiere komplex a bräichten hier Zäit.