Hie seet elo, hie wier an engem Gespréich als "Feeler am System" duergestallt ginn, well hien net an der Struktur vun der FLTT schaffe wéilt.
Spiller:innen dierfen net mat decidéieren
Den Eric Glod, deen an Éisträich lieft an Dëschtennis spillt, wollt zejoert mat sengem Trainer an Ex-Nationalspiller Traian Ciociu zesumme schaffen. D’FLTT wollt dogéint, datt de Lénkshänner vum Nationaltrainer Peter Engel betreit géif ginn. Et wier een op kee gréngen Zweig komm, an dat hätt hien dozou beweegt opzehalen, sou den 31 Joer alen Eric Glod.
Hien hätt e puermol d’Gefill gehat, datt Leit hoffe géifen, hie géif net gewannen, am Stil: "Dat, wat s Du wëlls, fonctionéiert net: Du muss dat maachen, wat mir wëllen." Hien hätt och dräi Mol a Gespréicher gesot kritt, datt Spiller:innen net mat decidéieren dierften.
Parallellen tëschent den zwee Fäll
Den Eric Glod hat d’Gefill, d’Federatioun wéilt mat alle méiglechen Argumenter all Kritik oder aner Meenung vun engem Sportler oder enger Sportlerin als falsch widderleeën. Hie gesäit Parallellen zur Affär Sarah de Nutte. Viru knapp 3 Woche krut d’Dëschtennis-Spillerin e Blâme ausgesprach, well si kritiséiert hat, datt hiren Trainer si bei den Olympesche Spiller zu Paräis net coachen duerft.
Och d’Sarah de Nutte hätt just op e Problem higewisen. D’FLTT wär do déi selwecht Schinn gefuer wéi bei him, analyséiert den Eric Glod. Dat wier e Manktem u Respekt géintiwwer der Spillerin.
Wech vun der rigider Struktur
Et géif keng Balance gesicht ginn tëscht der Meenung vum Sportler an där vun der FLTT. Déi géif dominéieren, an de Sportler hätt sech dorun z’orientéieren. Fir den Eric Glod muss ee vun där rigider Struktur ewechkommen:
"Ech gesinn awer net, wéi dat sollt méiglech sinn, wann déi selwecht Leit nach ëmmer uewe sëtze wéi bei mir, oder wéi virun 10 Joer, wéi virun 20 Joer."
"Aner Leit un der Spëtzt"
Déi fréier Nummer 1 hofft op ee Konsens. Hien hätt selwer erlieft, datt dee mat där aktueller Konstellatioun vum Comité-directeur vun der FLTT net méiglech wier. A sengen Aen ass do mat Diplomatie näischt méi z’erreechen. Et misst méi Wiessel ageleet ginn.
"Wann déi Leit, déi am Moment do sinn, sech net beweege wëlle vun hirem Punkt, dann aner Leit un der Spëtzt, jo."
Oppositiounsequipe kann näischt änneren
Zwee Leit vun der Oppositiounsequipe “Neie Wand”, déi um Kongress am Mee géint déi aktuell Spëtzt ugetruede war, kéinten näischt am Comité-directeur änneren. Den ëffentleche Konflikt ronderëm dee Kongress géif elo eben intern ausgedroe ginn, betount den Eric Glod.
Den FLTT-President André Hartmann wollt, op Nofro hin, de Moment näischt zu deene ganzen Diskussioune soen. Hien huet op d’Reunioun vum Comité-directeur vu muer, Mëttwoch verwisen.