Extra ass d‘nächst Joer, datt zweemol eng Etapp op der Alpe d‘Huez ukënnt. Dat nodeems d‘Alpd d‘Huez elo 4 Joer laang net méi um Programm stoung.
No 21 Etappen an 3.333 Kilometer kënnt den Tour de France da wéi gewinnt de 26. Juli zu Paräis op de Champs Elysées un. Do steet och dëst Joer rëm d‘Montée erop bei Mont Martre um Programm.
Mont Ventoux um Programm bei den Dammen
Den Tour de France vun den Damme fänkt den 1. August zu Lausanne an der Schwäiz un. Déi gréisste Schwieregkeet do ass eng Arrivée um Mont Ventoux.
Den Tour de France vun den Dammen huet 9 Etappen a kënnt den 9. August zu Nice un.