arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Rout Léiwen verléieren 0:4 géint Däitschland

WM-Qualifikatioun

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Rout Léiwen verléieren 0:4 géint Däitschland

Mat 0:4 huet d‘Fussballnationalekipp bei den Hären um Freidegowend an der WM-Qualifikatioun géint Däitschland verluer. An der Paus waren d’Rout Léiwen 0:2 hannen.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© EPA/CHRISTOPHER NEUNDORF
(Foto: EPA/CHRISTOPHER NEUNDORF)

De Match hat schlecht ugefaangen, mat enger däitscher Ekipp, déi eis 11 komplett hannendra gedréckt huet. No 21 Minutte stoung et net nëmmen 2:0 fir d’”Mannschaft”, dee Moment war Lëtzebuerg och just nach zu 10. Den Dirk Carlson hat eng haart rout Kaart kritt. Direkt no der Paus hunn déi Däitsch op 4:0 erhéicht, an du konnt een dat Schlëmmst fäerten. 

Grousse Merci vum Nationaltrainer un d'Supporter:innen

Ma mat enger staarker Mentalitéit hunn d’Rout Léiwen d’Resultat sou gehalen.

Ënnerstëtzt goufe si dobäi vu fantastesche Supporteren, deenen den Nationaltrainer Jeff Strasser no der Partie e grousse Merci sot:

"Rise Respekt un all déi Leit, déi haut do waren, déi d’Ekipp ënnerstëtzt hunn an déi trotz dem Spillverlaf ëmmer un hir Ekipp gegleeft hunn."

Däitsche Kapitän net zefridde mam Schluss

Spilleresch gouf et fir d’FLF-Selektioun an der éischter Hallschent kaum Entlaaschtung an de ganze Match iwwer och just ee Schoss op de Goal vum däitsche Golkipp Oliver Baumann. Deem säi Kapitän Joshua Kimmich war no der Partie, trotz villen eegene Golchancen, nach net zefridde mam Schluss vum Match.

“Die letzten 20 Minuten, da hätten wir den Ball schon etwas besser laufen lassen können, dass wir vielleicht noch das eine oder andere Tor nachlegen.”

Wat awer schwéier gewiescht wier géint e Géigner, deen hannen dra stoung, sou de Spiller vu Bayern München.

En Owend fir ze vergiessen

An der éischter Véierelsstonn, nach zu 11, hätte seng Spiller net an de Match fonnt, huet de Jeff Strasser erkläert, wéinst der Qualitéit vum Géigner. Obwuel d’Rout Léiwe wossten, wat op si géif duerkommen, wiere se net an der Lag gewiescht, dogéint ze halen. Däitschland hätt si quasi erdréckt, an nom Téi war d’Bier du séier geschielt:

"Also enttäuscht, dass déi zwee Goler direkt no der Hallschent falen, zemools, datt eng Standardsituatioun ass, déi ee verteidege kann, mee all zweete Ball, all favorabele Kontakt war haut net fir eis."

Duerch ënner anerem d’rout Kaart vum Dirk Carlson an en onglécklechen 3. Gol war et en Owend fir ze vergiessen, sou de Coach. Fir deen d’Ekipp awer an Ënnerzuel deen néidege Wëllen op den Terrain bruecht hätt, fir net ënnerzegoen.

play_arrow Lauschteren