Dobäi waren d'Lëtzebuerger gutt an de Match gestart. Si ware méi gëfteg an den Zweekämpf, an och d'Pressingintesitéit huet gestëmmt. Wéi schonn am Allermatch haten d'Slowake Problemer, d'Spill opzebauen, a sinn esou net an de Match komm.
Eng Grousschance vum Dardari
Esou waren et och d'Lëtzebuerger, déi an der Mëtt vun der éischter Hallschent a Féierung hätte kënne goen, jo u sech hätte misse goen. Nodeems de Leandro Barreiro de Ball an der Hallschent vun de Slowake gewonnen hat, konnt den Aiman Dardari fräi op de Gol lafen. Säi Flaachschoss gouf allerdéngs ganz knapp um Potto laanscht.
Op der anerer Säit haten d'Slowaken eng rieseg Chancen, nodeems de Martins ze spéit op eng Pass vum Anthony Moris reagéiert hat, an esou de Ball net festmaache konnt. De slowakesche Stiermer huet fräi virum Moris allerdéngs just de Potto getraff.
Genéckbroch nom 2-0
No bal enger Stonn ass dunn den 1-0 no engem astudéierte Corner fir d'Slowake gefall. No engem flaache Ball an d'Mëtt stoung den Adam Obert am 16-Meter ganz fräi. Keng Chance fir de Moris.
Trotz méi Ballbesëtz konnten d'Rout Léiwen an der 2. Hallschent net méi richteg geféierlech ginn. Zwar huet den agewiesselten Olivier Thill nach eng Kéier fir Schwong gesuergt, nodeems hie mat engem stramme Schoss den Dúbravka am Gol vun de Slowake getest hat, mee dat konnt den 2-0 net méi verhënneren. No engem Konter konnt den agewiesselte Schranz markéieren.
Kuriéis: Säi Gol huet hien 2 Minutten no senger Awiesslung geschoss. Dobäi huet hie sech allerdéngs verletzt, esou datt hien 2 Minutten drop nees vum Terrain huet misse goen.
Parallel gouf et am Lëtzebuerger Grupp eng knapp 1-0 Victoire vun Däitschland an Nordirland. Donieft hunn ënner anerem Island a Frankräich 2-2 gespillt, an d’Belsch huet 4-2 a Wales gewonnen.