Radioen

On air

Mëttesrascht  |  CMAT - Running/Planning

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Iwwer 2.000 Doudeger confirméiert

Äerdbiewen a Myanmar

Iwwer 2.000 Doudeger confirméiert

De Bilan vum Äerdbiewen a Myanmar ass elo op iwwer 2.000 Doudeger geklommen. Dat huet d‘Militärjunta matgedeelt. Iwwer 3.900 Mënsche wiere blesséiert ginn. An et géifen nach ëmmer 270 Leit vermësst ginn.

auto_stories

1 min

Schied nom Äerdbiewen an Asien | © picture alliance / imageBROKER | dad fotos
Schied nom Äerdbiewen an Asien (Foto: picture alliance / imageBROKER | dad fotos)

Dës nei Zuelen huet d’Militärregierung a Myanmar elo matgedeelt. Nach ëmmer gi Leit vermësst.

D’Weltgesondheetsorganisatioun huet déi héchsten Alarmstuf fir d’Land ausgeruff. D’WHO schätzt, datt an den nächsten 30 Deeg aacht Milliounen Dollar gebraucht ginn, fir d‘Leit op der Plaz a fir Krankheetsausbréch ze verhënneren.

D’Situatioun am Biergerkrichsland Myanmar gëllt als oniwwersiichtlech.

D’Biewen ee Freideg hat eng Stäerkt vu 7,7.