Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ ALIA-President demissionéiert no Divergenze mam Medieministère

ALIA

ALIA-President demissionéiert no Divergenze mam Medieministère

Den Thierry Hoscheit demissionéiert als President vum Verwaltungsrot vun der ALIA, der onofhängeger Autoritéit fir den audiovisuelle Mediesecteur. Hannergrond sinn Divergenze mam Medieministère.

auto_stories

3 min

Thierry Hoscheit | © Morgane Weidig
Den Thierry Hoscheit ass am Joer 2014 den éischte President vun der deemools neier ALIA ginn (Archivfoto 100,7)

D'Lëtzebuerger Wort huet als éischt iwwer d'Demissioun geschriwwen. Den Thierry Hoscheit, och President vun der Cour Supérieure de Justice, huet d'Demissioun als ALIA-President dem 100,7 géigeniwwer confirméiert, wëll sech awer net zu den Hannergrënn äusseren. 

D'Gouvernance féiert zu Divergenzen

Ausléiser fir d'Demissioun vum President ass d'Prozedur fir den Direktiounsposte bei der ALIA nei ze besetzen. Dat huet den Thierry Hoscheit méi Sourcen no an engem Bréif kloer gemaach. Eis Sourcë wëllen net mam Numm genannt gi well Divergenzen tëscht enger onofhängeger Autoritéit an dem Ministère e sensibele Sujet sinn. Mir haten en Abléck an de Bréif, deen op den 2. Juli 2024 datéiert ass, an un de Premier Luc Frieden an d'delegéiert Medieministesch adresséiert ass. 

Dem Paul Lorenz säi Mandat als Direkter ass vun der delegéierter Medieministerin Elisabeth Margue (CSV) net verlängert ginn. De Paul Lorenz sot eis virun zwee Méint, hie wier net Kandidat well de Posten nei ausgeschriwwe gi wier. Hien hat déi nei Ausschreiwung fir den Direktiounsposte wuel esou interpretéiert, datt seng Kandidatur net erwënscht wier. 

Elisabeth Margue (CSV) bënnt d'ALIA wéineg an

Ënnert der neier CSV-Féierung huet de Medieministère d'Kontroll iwwer d'Nominatioun vum Direktiounsposten iwwerholl. Anescht also wéi bei de viregten Nominatiounen: 2014 an 2019 huet d'ALIA den Direktiounsposten als onofhängeg Autoritéit selwer ausgeschriwwen a se huet der Regierung um Enn e Kandidat proposéiert fir ze nominéieren. Dat huet d'Regierung am Mee 2024 an der Äntwert op eng Question parlementaire zouginn.

Des Kéier huet de Medieministère e Selektiounscomité vu fënnef Persounen agesat, ouni ALIA-Vertrieder:in. D'ALIA krut eisen Informatiounen no um Enn de Choix vum Selektiounscomité ënnerbreet, eng eenzeg Kandidatur, pour avis.

Géint d'Gesetz? 

Déi aner Kandidature krut d'ALIA eisen Informatiounen no net z'aviséieren. Dat entsprécht net dem ALIA-Gesetz vun 2013: Dat seet nämlech, datt de Verwaltungsrot vun der ALIA en Avis iwwer all d'Kandidature muss ofginn ("Il émet un avis sur les candidats au poste de directeur."). 

Fir de Rescht ass d'Gouvernance an dëser Fro net präzis gereegelt. Et heescht just: "Le directeur est nommé par le Grand-Duc, sur proposition du Gouvernement en conseil, le Conseil d’administration entendu en son avis, pour une durée de 5 ans, renouvelable." D'Regierung nennt och déi fënnef Membere vum Verwaltungsrot, a si designéiert och wien d'ALIA presidéiert. 

Politesch Reaktiounen

D'LSAP als gréisst Oppositiounspartei wëll de Mëttwoch an der Froestonn an der Chamber Kloerheet kréien, esou d'Francine Closener. D'LSAP-Deputéiert a Vizepresidentin vun der Mediekommissioun nennt d'Informatiounen iwwer d'Demissioun vum Thierry Hoscheit "bedenklech": "Ass den CSV-Staat rëm do", freet si am 100,7-Interview. Si géif gär wëssen, firwat déi nei Regierung d'Nominatiounsprozedur bei der ALIA anescht gesäit wéi déi viregt Regierungen. De Medieministère wéilt offensichtlech méi Kontroll iwwert de Regulateur.

De François Bausch, gréngen Deputéierte bis Mëtt Juli a Member vun der Mediekommissioun, sot eis, déi gréng hätte gär an der Chamberkommissioun vun der delegéierter Medieministesch Elisabeth Margue Erklärungen. A si hätten och gär eng Kopie vum Bréif vum Thierry Hoscheit. 

Dësen Artikel gouf am Laf vum Dag schonn e puer mol aktualiséiert.