Them Lights, dat sinn déi visuell an akustesch Markenzeeche vum Sacha Hanlet sengem Dark-Electro-Projet. De lëtzebuergesche Kënschtler huet seng Luuchten op e neits opgebaut, an zwar live bei eis am Studio 8. Mat am Gepäck ass net nëmmen déi typesch Atmosphär vu sengem Sound, mee och neit Material, dat bis elo nach net released gouf.