Radioen

On air

Notturno  |  Lata Gouveia - The Road Is Mine

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Op d‘Oueren! Eis Liblingslidder vun der Woch

Op d‘Oueren! 13.12.2024

Op d‘Oueren! Eis Liblingslidder vun der Woch

Dir hutt Loscht op fuschnei Musek? D'Museksredkatioun vum radio 100,7 guidéiert iech duerch den Dschungel vun neien Tendenzen.

auto_stories

2 min

Foto: Prism Shores / Bandcamp

Et gëtt esouvill nei Musek ze entdécken. D‘Museksredaktioun vum radio 100,7 lauschtert sech all nei Verëffentlechung un. Ok, vläicht net grad all Lidd, an dach dinn eis Oueren um Enn vum Dag wéi. Déi hei Songs hunn et a sech a lafe bei eise Museksnerds ouni Enn op der Anlag.

D‘Wantergro ass keng Fatalitéit mat den Anglo-Ireschen Newcomer Soft Launch, déi mat Disco Toms a relaxem Groove op "Milkshakes" Vakanzefeeling verspreeën.

Vum Britesche Rapper Loyle Carner hu mir eng Zäit näischt méi ze héieren – schéin, datt den Tom Misch him mat "Colorblind" een ongewinnt relaxe Groove dohinner bliedert.

All déi vun Iech mat italieneschen Originnen, wësst dir iwwerhaapt wat d'italienesch Musekfreaks lauschteren? Post Nebbia si vu Genua an hiren Titel "Pastafrolla" huet ee Synthi-Solo vun der Hell an eng fatzeg Rhytmussektioun.

Mat enger nervöser duebeler Snare erzielen d‘Kanadier Prism Shores op "Holding Pattern" dat komescht Gefill, sech op enger friemer Plaz erëmzefanne, mat häerzzerrappender Stëmm. 

Eise leschte Favorite kënnt vun der Lëtzebuerger Indie-Band Dessy Mesk – bei "Now an d' Again" stieche besonnesch déi sonneg, Vampire-Weekend-esque Gittarslinnen eräus.

Op d‘Oueren! 13.12.2024

  • Soft Launch - Milkshakes
  • Tom Misch, Loyle Carner – Colourblind
  • Post Nebbia – Pastafrolla
  • Good Morning – Romance
  • Prism Shores – Holding Pattern
  • Dessy Mesk – Now and Again