Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Crosby, Stills & Nash - Laughing

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ee groussaartege Flickenteppech

Album vun der Woch

Ee groussaartege Flickenteppech

White Denim kënnen engem wierklech ee Laachen op d’Gesiicht zauberen. Hir sonneg, mee oft e besse vertrackte Musek gëtt vun deenen engen als Southern Rock, vun deenen Aneren als Blue Eyed Soul bezeechent, mee si klénge weder wei ZZ Top, nach wéi Simply Red. Donieft spille si hir Instrumenter wéi Championen, a fäerten och net, dat ze weisen. Virtuos! Hir nei Plack heescht 12, a bleift an der Kontinuitéit vun hirer Diskographie bis elo, mee net ouni neien Territoire z’erschléissen - an dat ass näischt Schlechtes.

auto_stories

5 min

Elo ass dës Plack awer nach eng Aart Nogebuert aus Pandemie-Zäiten, wat fir d’Éischt emol kloer mécht, wéi laang hir Entsteeung war, an och schonns drop hindeit, datt se e bëssen anescht ass wéi hir Virgänger. Bis elo hu mir da White Denim als ‘si’ bezeechent, déi Band, déi de Sound Live op der Bün dréit, an dat sinn de Bandleader James Petralli, Sänger a Gittarist, de Bassists Steven Terebecki, de Gittarist Austin Jenkins an de Batteur Joshua Block.

Dee leschtgenannten huet d’Band scho virun enger Zäitche verlooss, mee spillt trotzdeem mat op der Plack. Komplizéiert, ech weess. An esou kléngt d’Batterie hei anescht wéi op White Denim hirem ioneschen Duerchbrochsalbum, “Corsicana Lemonade”. “12” bréngt eng nei Dynamik mam Gregory ‘J’ T. Brown, e Perkussionist, deen eng staark Roll op dëser Plack spillt. Den James Petralli an de Steve Terebecki, déi den neie Kär vun der Band stellen, hunn nei Kollaborateuren a Studiobatteuren erugezunn, déi wärend de Lockdowns hir Kontributiounen erageschéckt hunn. Dat mécht d’Grooves op dëser Plack immens divers. Een neit Kapitel.

Ee groussaartege "Flickenteppech"

“12” kléngt grouss an ofgeronnt am Verglach zu deene leschte White Denim Verëffentlëchungen. D’Produktioun, wéi och de Mix si ganz um Petralli senger eegener Mëscht gewuess, zesummegeschoustert an der Garage vu sengem Covid-Maulefslach zu L.A. Déi réi an animéiert Jams, déi Placke wéi “Corsicana Lemonade” a “Stiff” hire Vibe ginn hunn, waren hei natierlech net méiglech, ze maachen. D’Approche ass hei éischter raffinéiert, mee och expansiv, mat Aflëss aus dem Funk, dem R&B, an dem Progressive, respektiv Yacht rock. Souleg Backing Vocals hei, e puer verdreemte Querflütten do hannen am Eck  - déi vill Touncommanden hu sech bezuelt gemaach.  Dat detailverléiftent ophuelen, schneiden a pechen erënnert staark u Steely Dan, a mécht aus där Plack ee groussaartege Flickenteppech. D’Band verwierklecht ëmmer nach hir typesch tight a komplex Spillweisen, mee d’Inclusioun vu Vintage-Synthesizer an enger méi flësseger Rhythmussektioun gëtt der Plack eng nei Richtung.

Donieft war dem Petralli seng Imaginatioun gefrot, fir iwwert d’Limitatioune vum Moment erauszewuessen. A wann et eppes gëtt, wat dës Plack verkierpert, dann ass et Imaginatioun. E Beispill: Hien huet e Stéck vum Chicagoer Duo Finom héieren. (alias Macie Stewart a Sima Cunningham), hinne spontan eng Mail geschriwwen, a schonn hu se op dësem sonnegen Track, mam Titel “Swinging Door” fir hien d’Stëmm iwwerholl.

Den James Petralli als Chef vun engem Rockorchester

"Dat hei ass déi éischte White Denim Plack, déi ech entworf hunn a fir déi ech den Haaptproduzent war“, seet hien houfreg am Pressetext. "Ech hunn all Toun beréiert deen drop ass."

Och den Track “Light On” gëtt eng gutt Iddi vun dem kaleidoskopesche Multiversum, deen de Petralli mat dëser Plack ganz bewosst eropbeschwiert. Eng Collage aus Holzbléiser erënnert un d’Progrock Legenden Jethro Tull, duerno kréie mir Jazz-Fusioun Sound mat engem liichte Vibraphon zerwéiert, an d’Gittar kléngt esou richteg no Grateful Dead. Wat wëll de Rockfan do méi?

Dem Petralli seng Texter verzeechnen dee vun him gewinnten Optimismus, wéinstens op der Iwwerfläch, reflektéieren awer do ënnendrënner och eng Zäit vu perséinlechem a familiärem Ëmbroch. Seng Partnerin hat hire kranke Papp zu Austin ze versuergen, wärend seng Kanner bei him zu LA doheem ënnerriicht goufen, fir net ze vill vun der Schoul ze beaflossen. Net iwwerraschend, datt 12 duerch déi duerchkräizten Erausfuerderungen eng gewëssen textlech Déift huet. Trotzdeem ass dem Petralli säi Glas ëmmer hallef vill, an d’Lidder klénge praktesch all duerchaus liewensfrou.

Fazit

Ofschléissend kann ee soen, datt “12” d’White Denim Saga weiderspënnt, mat e puer wichtegen Ausbaupunkten. Och wann d’Rhytmik nach ëmmer esou frenetesch ass, wéi op viregte Placken, ass déi Deels méi groove-orientéiert Approche vun der viregte Placken nei integréiert, an den emotionalen Territoire vun de Songs huet sech vergréissert. Dat cartoonhaft, wat White Denim schonn ëmmer u sech haten, fënnt hei eng nei Paz tëschend expansiv an intim. Egal ob Fan zënter Laangem oder Neientdecker, “12” huet fir all Rockfan eng frësch Perspektiv ze bidden, déi net onbemierkt un engem laanscht geet, a bei där d’Lauschteren iwwert de Gros vun der Plack einfach nëmme Spaass mécht – trotz e bësse vill däers Gespills. An oppassen: vläicht ass dat hei déi lescht, oder eng vun deene leschte White Denim Placken. De Petralli ass am Gaang zu LA säi Studio auszebauen, an et gesäit esou aus, wéi wann hie wëlles hätt, an Zukunft anere Leit hir Musek ze produzéieren.

Lauschterenplay_arrow